Gemengerot vum 19.Dezember

Folgendes war den Dënschden 20. Dezember am Wort ze liesen iwwer déi rezentst Gemengerotssëtzung:

Klickt op d’Bildchen riets fir den Text am Groussen unzeweisen.

- – -

Ganz flott ass och d’Bild am Wort dat d’Zesummesetzung vun eisem Gemengerot visualiséiert – Fotos: N. SCHARTZ/Fotomontage: M. WINANDY):

Op de Punkt

An de leschten Deeg gouf den neien “Op de Punkt” ausgedeelt.

En enthält een Artikel iwwer d’Schäfferotserklärung an d’Presentatioun an zwou Sproochen vun eise 4 CSV-Leit am Gemengen- a Schäfferot: Léon Gloden (Buergermeeschter), Monique Hermes (Schäffen), Liane Felten a Marc Schiltz.

Enner anerem ass och en Artikel vun eisem Inneminister Jean-Marie Halsdorf dran iwwer “Erausfuerderunge fir eis Gemengen”.

Klickt hei oder op d’Bildchen fir dat ganzt Dokument als PDF ze liesen.

 

Parlamentaresch Ufro betreffend d’Ämter vu fréieren Gemengerotsmemberen

Déi Deputéierten Léon GLODEN a Marie-Josée FRANK hunn folgend parlamentaresch Fro un den Inneminister an de Justizminister geriicht:

Suite aux élections communales du 9 octobre 2011, de nombreux changements ont eu lieu dans la composition, des conseils communaux au Luxembourg.

Or, les membres du conseil représentant les communes dans un certain nombre de sociétés ou d’associations sans but lucratif sont souvent nommés pour une durle qui ne correspond pas nécessairement à la durée de leur mandat communal. Par conséquant il est possible qu’un membre du conseil ne soit pas réélu ou soit réélu, alors qu’il n’est plus membre du collège échevinal et conserve néanmoins son poste au sein d’un conseil d’administration de la société ou de l’asbl.

Au vu de ce qui précède, nous voudrions poser les questions suivantes aux ministres concernés:

  • Quelles sont les démarches que le Gouvernement ententend faire afin de remédier à cette situation malencontreuse?
  • Le Gouvemement n’estime-t-il pas qu’une modification des législations en cause s’impose?

30 km/h – Limit, och op enger Nationalstrooss

De Deputéierten a Buergermeeschter vun der Staadt Maacher, Léon GLODEN,  huet dem Minister vun der nohalteger Entwécklung an de Infrastrukturen, Claude WISELER, d’Fro gestallt op et net géif Sënn maachen, insgesamt ronderëm Schoulen d’Vitesse op 30 km/h ze limitéieren – onofhängeg dovun ëm wéi eng Art Strooss et sech handelt.

Am Moment ass et esou, daat d’Gesetz et net erlaabt op enger Nationalstrooss d’Vitesse op 30 km/h ze limitéieren.

Allerdéngs leien eng Rei vu Schoulen op enger Nationalstrooss, déi ënner Ëmstänn och nach vill befuer ass.

An enger parlamentarescher Ufro proposéiert den Deputéierten Léon GLODEN dem Minister am Beräich vu Schoulen a staark besichten Infrastrukturen innerhalb vun Uertschaften, aus Sécherheetsgrënn och op Nationalstroossen eng Limitatioun op 30 km/h ze erlaben. (-> QP 1740)

Um Prosteneek

E puer Fotoen vum eisem Stand um Prosteneek Samschdes den 1. Oktober a vun eisem Stand um Maart Méindes den 3. Oktober, geknippst vum Monique Hermes an Alain Goedert.

E grousse Merci un eis fläisseg Helfer !!